Welcome

A word of welcome

Président

Léif Gäscht, Léif Touristen,

Als President vum Syndicat d’Initiative et du Tourisme vun der Gemeng Hesper sinn ech frou an houfreg datt dir eise Camping “Bon Accueil“ als Stopp vun ärer Rees duerch Lëtzebuerg oder esouguer duerch Europa gewielt hutt. Vläicht notzt dir d’Geleeënheet, an dir maacht op eisem wonnerschéinen a rouegen, matten an der Natur geleeëne Camping zu Alzeng e puer Deeg Vakanz. Alzeng ass eng vun de fënnef Uertschafte vun eiser Gemeng mat hire ronn 15.000 Awunner.

D’Gemeng Hesper mat hirem ländleche Flair huet iech vill ze bidden. Ugrenzend un de Camping ass den 11 ha grousse Gemengepark, deen déi dräi Uertschaften Alzeng, Fenteng an Hesper iwwer Spadséierweeër matenee verbënnt, dëst mat engem schéine Weier a villen Attraktivitéiten, wéi den Hesper Beach Club, de Kiopa mat senger Fräiliichtbühn wou de Summer iwwer vill Concerten stattfannen. Och fannt dir eng sëlleche Sportinfrastrukturen am Park, wéi z. B. Beach-Volleyball a Pétanque Felder, grad wéi och Fitness Geräter an e Basketball Terrain.

Hesper ass doriwwer eraus bekannt durch seng relativ gutt erhale Buergruin,déi säit 1984 op der Zousaatzlëscht vun de geschützten Gebeier vum Land gefouert gëtt. Dës Buerg ass wahrscheinlech am 13. Joerhonnert vun den Häre vu Rodenmacher gebaut ginn.

Fir d’Haaptstad vu Lëtzebuerg ze besichen, hutt dir d’Méiglechkeet mam Vëlo ze fueren iwwert d’Vëlospiste déi laanscht d‘Uelzecht, matten duerch d’Natur féiert, laanscht d‘Gantebeinsmillen an d’Schläifmillen, wou dir dann d’Faubourge vu Lëtzebuerg besiche kënnt..

Bequem Busverbindungen an d’Haaptstad stinn iech natierlech och zur Verfügung. D’Uewerstad ass och eng Visite wäert mat hire schéine Plazen wéi de Palais grand-ducal oder d’Place d’armes. Dir kënnt natierlech och eng Shopping Tour maachen oder ee vun de ville Muséeë besichen.

Och d’Gastronomie kënnt an der Gemeng Hesper net ze kuerz. Esou hutt dir de Choix tëschent enger ganz international ausgeriichtener Villfalt u gudde Restauranten, déi mat Sécherheet äre Gaumen verwinnen.

Kommt a genéisst är Duerchrees oder Vakanz bei eis an der Gemeng Hesper um Alzenger Camping.

Mir heeschen iech ganz häerzlech wëllkomm!

Jean THEIS
President

A word of welcome

Président

I would like to welcome you to the website of “Bon Accueil Camping” in the Commune of Hesperange.

Located in our splendid municipal park, with the ruins of Hesperange castle in the background, and with easy access to centre of the City of Luxembourg, as well as to the La Croix de Gasperich motorway interchange, where three motorways coming from Germany, France and Belgium meet, “Bon Accueil Camping” has plenty of unique features to satisfy the most demanding camper.

Everything is gathered here for an enjoyable and invigorating stay, including sport facilities (beach volleyball court, petanque area, skatepark, football pitch/basketball court) that are all close by, a bike trail that follows the length of the tree-lined Alzette valley leading towards the centre of the City of Luxembourg, rambling routes and bicycle hiking tracks.

The municipal park is also the location of numerous cultural events: concerts, exhibitions, and open-air theatre, to name but a few.

In the summer, Hesper Beach Club provides the visitors a space to relax which includes a restaurant/refreshments chalet, a beach with a swimming pool as well as beach-volleyball courts and a petanque area.

Let us also not forget the fine foods that will delight the visitors palate in the numerous restaurants (Luxembourgish, Asian, Italian, Portuguese, ...) in the Commune.

I wish you a very pleasant holiday in our Commune.

Marc Lies
MP and Mayor

Opening times

Camping opened from April, 1st 2017 until October, 15th 2017